28.00€
Literatur
Goss
Wien ass de Sascha Rink? En Téinert, e Ligener, eng „Intelligenzbomm“, wéi hien sech selwer nennt oder awer just en héichsensibele Kärel? Wat ass dem Protagonist tatsächlech geschitt, a wat suckelt hie sech alles aus de Fangeren? Kéint et sinn, datt déi ganz Erzielung sech am Kär ëm e blanne Fleck a senger Biografie dréint?
Dem Guy Rewenig säi „Schelmenroman“ Goss kann ee vergläiche mat engem groussen, faarwege Vexéierbild, an deem sech eng däischter Geschicht verstoppt. De Sascha Rink soll aus beruffleche Grënn säi Curriculum schreiwen: Hie léisst säin turbulent Liewe Revue passéieren, a wat dobäi op d’Tapéit kënnt, ass méi wéi kuriéis, ambivalent, exzessiv, dack net ze faassen, mol staark iwwerdriwwen, mol empfindlech an traureg, dann nees voller Komik a clowneskem Gestruewels.