Wat baussen a wat bannen
Michikusa Publishing
15€
Littérature
Wat baussen a wat bannen
Tabriz, Kyoto, Sri Lanka, New York, Genf … Den Nicolas Bouvier huet iwwer all déi Joren, wou hie gereest ass, an awer och a sengem Doheem an der Schwäiz ëmmer nees Gedichter geschriwwen: „Ech brauch d’Lyrik méi wéi d’Prosa, huet hie gesot, well si immens direkt, brutal ass – se ass full-contact!” Hien huet Zäit senges Liewens awer just ee Gedichtband erausbruecht, Le Dehors et le Dedans (Wat baussen a wat bannen, an der lëtzebuergescher Iwwersetzung), deen aus 44 Texter besteet, déi tëscht 1953 an 1997 geschriwwen an ëmmer nees nei opgeluecht an ergänzt goufen. Der Ingrid Thobois (Spezialistin fir dem Bouvier säi Wierk) no, ass dëst „d‘Wierk, dat déi komplettsten an intiimste Rees duerch säi Liewen duerstellt”. Le Dehors et le Dedans gouf bis ewell a sechs Sproochen iwwersat; Michikusa Publishing, e Lëtzebuerger Editeur spezialiséiert op Poesie, proposéiert dëse Klassiker vun der Reesliteratur elo och op Lëtzebuergesch, an enger Iwwersetzung vu Robert Weis a Florent Toniello, mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vum Nico Helminger.
