22€
Literatur
De Léiw gëtt rout
De Wangerts, de Jean-Luc, d’Bianca, d’Madamm Wilmes, de Charel, d’Michèle, d’Madamm Kugeler – Leit wéi s du an ech, oder awer net? Hir Geschichte maachen eisem Léiw, sou kuerz vrum Trounwiessel, op alle Fall Kappzerbrieches.
De Léiw gëtt nämlech rout, wann e vun all deenen onzefriddene Leit hei am Land héiert, deenen hiert Liewe jo awer laang Zäit gemittlech a roueg verlaf ass, bis … jo … bis op eemol. De »Roude Léiw«, dee schonn ëmmer déi aner huele sollt, ouni esou richteg ze wësse firwat, kalennert a kalennert, wat dann nëmmen all déi Jore geschitt ass, vun deem hien näischt matkritt huet, an e gëtt dobäi ëmmer méi rout.
Siwe Geschichte vu siwe Leit aus der Noperschaft, kéint ee soen. Leit, déi mir kennen, ma vun deene mer awer villes net wëssen. Wat vläicht och besser ass. Mee um Enn wëlle mer dach all de Virwëtz gestëppelt kréien. De Jean-Paul Maes zeechent op eng ironesch Manéier Portraite vu Mënschen, déi ee vläicht kéint zu Lëtzebuerg begéinen, oder och net.