28€
Sachbuch
Marie
Erzielt gëtt d’Geschicht vum Marie Marvingt, enger Pionéierin vum Dammesport, déi Grenzen iwwerwonnen, Rekorder gebrach an d’Konventioune vun hirer Zäit op d’Kopp gestallt huet. An awer ass si am Schiet vun engem Mann bliwwen, deem si ëmmer nees iwwer de Wee gelaf ass: dem François Faber, dem „Ris vu Colombes“, deen als éischte Lëtzebuerger den Tour de France gewanne sollt.Eng fiktiv Erzielung iwwer Sport a Chancegläichheet, iwwer Erfolleg, Unerkennung – an d’Fro, wien um Enn an d’Geschicht ageet (a firwat). E bildgewaltegen Hommage un zwee aussergewéinlech Charakerkäpp.
