16.9€
Literatur
Vergissmeinnicht
Enn Dezember organiséiert d’Gemeng Diirbelt eng Commémoratioun fir un de 25. Anniversaire vun der Rundstedt Offensiv ze erënneren. Et goufen
amerikanesch Veteranen invitéiert, awer och en däitschen Hauptmann.
Dee gëtt ermort an de Commissaire Bertemes enquêtéiert. Wärend senge Gespréicher mat Leit, déi kéinte concernéiert sinn, erlieft hien, wat déi Schluecht un
Zerstéierung, Ongléck, Doud awer och Verrot mat sech bruecht huet. Géint de Schluss gesäit hien, dass d’Nazien nach ëmmer um Wierk sinn. De Roman weist
och, wéi de Commissaire erlieft, wéi seng Welt aus de 60er Joren sech ännert; gläichzäiteg geet och säi Menage zu Gronn.