19.5€
D’Cory feiert Chrëschtdag
D’Déieren am Bësch feieren Hellegowend am Hues Freddy sengem gemittleche Bau. D’Cory wier och esougär derbäi, mee seng Bamwuerzelen halen et fest. Hatt steet just do, traureg an eleng. An da fänkt et och nach u mat schneien. Brrr – wéi kal! Mee d’Cory léisst sech net ënnerkréien. Et entscheet ganz couragéiert, datt et och eng Party feiert. An et fänkt un ze sangen. A wéi déi schéi Chrëschtdagslidder duerch de Bësch schalen, geschitt eppes ganz Magesches.
Eng häerzeg Chrëschtgeschicht fir Bamfrënn vu 5 Joer un.
Eng häerzeg Chrëschtgeschicht fir Bamfrënn vu 5 Joer un.