20€
Littérature
KARIKATOUR 2026
"Karikatour 2026 (déi 26. Ausgab) ass mat vill Witz, Ironie an engem spatzen A den traditionelle Joresréckbléck op d’Aktualitéit vum Joer, heiheem an international. D’Buch hält déi absurdsten Ausrutscher, Pannen a Gaffe fest, déi Politiker, Promien an aner ëffentlech Perséinlechkeeten am Laf vum Joer geliwwert hunn.
Ob politesch Fettnäpfchen, ëffentlech Peinlechkeeten oder einfach Momenter, bei deenen een nëmmen nach de Kapp rësele kann: Un humorvollem Material feelt et och dëst Joer net. Eigentlech kéint een domat ouni Weideres e Schmöker mat Honnerte vu Säite fëllen.
An enger Zäit, an där op de soziale Medien all Ausso direkt kommentéiert, bewäert an op d’Goldwo geluecht gëtt, bitt Karikatour eng wëllkomm Paus vum permanenten Eescht. Mat Humor a Selbstironie erënnert d’Buch drun, datt een den Alldag net ëmmer déieresch eescht muss huelen – a sech heiansdo einfach dierf amuséieren."